Bio Beienziichterei Schmit-Gidt

Bio Beienziichterei Schmit-Gidt Mir sinn eng kleng Familljen-Beienimkerei vu Nouspelt an eisen Hunneg ass biozertifizéiert.

Mir hunn de Bio-Betrib vum Georges Gidt iwwerholl a mir léieren all Dag eppes Neies iwwert d'Beien an hiren Hunneg😀🐝🍯

Fir de Verkaf: Schreift eis ee Message📩

Haut si mir mat engem Stand um Plouconcours zu Këntzeg😃☀️🍯🤩
06/09/2026

Haut si mir mat engem Stand um Plouconcours zu Këntzeg😃☀️🍯🤩

Gudde Mëtteg.Haut gëtt eise Summerhunneg vun dësem Joer agefëllt😋🍯NEI: mir hunn dës Kéier Glieser vun 250g, awer och wéi...
30/08/2026

Gudde Mëtteg.
Haut gëtt eise Summerhunneg vun dësem Joer agefëllt😋🍯
NEI: mir hunn dës Kéier Glieser vun 250g, awer och wéi gewinnt 500g agefëllt🤩
Dir kritt eisen Hunneg op folgende Plazen ze kafen:
🔸 Nouspelt & Dondel (bei eis Doheem) ☎️ am viraus uruffen
🔸 Uebstplantage Juckelsbesch Kielen
🔸 Frësch vum Baurenhaff
🔸 Lombardi Sports
🔸 Biohaff Clees

Bis vläicht geschwënn🤗

Gudde Mëtteg.Haut hu mir eise Fréijoershunneg geschleidert🤩
24/05/2026

Gudde Mëtteg.
Haut hu mir eise Fréijoershunneg geschleidert🤩

Nächst Generatioun🥰😍🐝🍯
16/05/2026

Nächst Generatioun🥰😍🐝🍯

Gudde Mëtteg. Wann d'Kiischtebeem an d'Bléi🌸 kommen, ass dat fir d'Beiesaison de Startschoss🐝. Da ginn d'Hunnegraim, als...
11/04/2026

Gudde Mëtteg.
Wann d'Kiischtebeem an d'Bléi🌸 kommen, ass dat fir d'Beiesaison de Startschoss🐝. Da ginn d'Hunnegraim, also do wou d'Beien hiren Hunneg stockéieren, op de Brutraum gesat. D'Beien profitéieren da vun all Moment vu "guddem" Wieder fir esou vill wéi méiglech Bléien unzefléien a Pollen a Nektar ze sammelen☀️💪🏼 A ganz niewebäi hëllefen si d'Bléien bestëpsen🤩

Super Initiativ vun der Gemeng Kielen🤩👍🏼Déi asiatesch Runn ass net just fir d'Hunnegbei eng Bedrohung mee fir alleguer d...
03/03/2026

Super Initiativ vun der Gemeng Kielen🤩👍🏼
Déi asiatesch Runn ass net just fir d'Hunnegbei eng Bedrohung mee fir alleguer d'Bestëpser an Insekten. Wann dir ee Nascht entdeckt, da mellt et🧐☎️

D'Bio-Beienziichterei Schmit-Gidt wënscht, mat e bësse Verspéidung, vill Gléck an eng gutt Gesondheet fir 2026!✨🍀✨D'Beie...
07/01/2026

D'Bio-Beienziichterei Schmit-Gidt wënscht, mat e bësse Verspéidung, vill Gléck an eng gutt Gesondheet fir 2026!✨🍀✨

D'Beien sëtzen de Moment, als Drauf, ronderëm d'Kinnigin a suergen mat liichten Flatteren vun de Flilléken derfir, dass 35°C am Beistack sinn. D'Wanterbei ass perfekt dorop agestallt, laang ze liewen an net zevill Energie ze verbrauchen, fir d'Vollek beschtméiglech iwwer de Wanter ze bréngen🐝❄️

Ab der Wantersonnenwende (21. Dezember), also wann d'Deeg lues a lues erëm méi laang ginn, weess d'Beievollek, dass et geschwënn un der Zäit ass, sech op d'Fréijoer anzestellen. Wann d'Temperaturen et zouloossen, fänkt d'Kinngin deemnächst un, erëm Eeër ze leeën a fir genuch Brut a Nowuess fir d'Sich no Pollen a Nektar, ze suergen, soubal déi éischt Bléien sech dobaussen weisen🌱🌿🪻

Et ass faszinant, wéi gutt d'Natur openeen agestallt ass, ganz ouni d'Agräife vum Mënsch🤩

Adresse

Nospelt

Site Web

Notifications

Soyez le premier à savoir et laissez-nous vous envoyer un courriel lorsque Bio Beienziichterei Schmit-Gidt publie des nouvelles et des promotions. Votre adresse e-mail ne sera pas utilisée à d'autres fins, et vous pouvez vous désabonner à tout moment.

Raccourcis

Partager

Catégorie